Optimal Schaffkonditiounen fir d’BTS-Studenten um Belval

Publié le 02/02/2023
E Freideg, den 20.1., huet d’Direktioun vum LJBM zesumme mat hire Coordinateuren d’BTS-Studente vun eisen 3 Studiegäng am roude Gebai um Belval begréisst. Den Här Christnach huet a senger Ried d’Rees vun eise BTSen aus de leschte Joren nach eemol opgegraff (vu Mamer op de Geesseknäppchen an d'”Blumm”, duerno an eng Containerstruktur um Kierchbierg an elo op de Belval), d’Studenten um neie Site häerzlech wëllkomm geheescht an duerno der Mme Laurence Jung, Directrice adjointe détachée, e grousse Merci gesot fir hiren onermiddlechen Asaz an déi ganz Organisatioun am Virfeld. D’Studenten hunn herno zesumme mat hiren Enseignanten déi nei Säll opgesicht, wou elo optimal Schaffkonditiounen herrschen, an et gouf direkt mam Cours ugefaangen. Mir hoffen, datt eis Studente sech um Belval ënnert deene villen anere Studente wuelfille wäerten.
 

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 20 secondes