Visitt Menuiserie Vincent Messerich

Publié le 03/02/2023

Am Zesummenhang mam Module „Technologie du bâtiment, fermeture du bâtiment et façades“ kruten d‘Studenten aus dem zweete Joer vum BTS “Professions Immobilières” bei der Visitt vum Schräinerbetrib Messerich vun Housen een detailléierten Abléck an d’Hierstellung vu Fënsteren an Dieren aus Holz/Alu. Datt dëse Familljebetrib mat senge ronn 140 Mataarbechter ganz innovativ ass, dovu konnten d’Studenten sech am Produktiounsoflaf vun der Schräinerei iwwerzeegen: Eng CNC-Maschinn, déi exakt Fräsunge vu Profiller bis zu 6 mm produzéiere kann, oder eng automatiséiert Lackéierstatioun sinn esou selbstverständlech ewéi klassesch Handwierksaarbecht, bei där nach all Fënster op der Hand glat geschlaff an dann zesummegesat gëtt. Donieft kann dëse Schräinerbetrib awer och individuell Léisungen ubidden: Holzdiere mat Verzierunge fir de klasseschen Denkmalberäich oder zäitgenëssesch, individuell op Mooss geplangte Kichen gehéieren zu hirem Portfolio. D’Studente konnten esou een interessanten Abléck gewannen, wéi ee moderne Betrib aus dem Mëttelstand haut opgestallt ass. Fir déi perséinlech Visitt ee grousse Merci un den Här Steve Messerich.

 

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 20 secondes