Formatiounsdeeg LJBM 2023

Publié le 06/02/2023
De leschte Freideg huet d’ganzt Personal vum LJBM un enger Formatioun deelgeholl. No enger Aféierung duerch den Här Christnach, Direkter, an den Här Gleis, Sous-Direkter, hunn all d’Enseignanten an d’Administratioun eng flott Keynote vum Här Vedder zum Thema « Schule im Wandel: Unterrichts- und Schulentwicklung in einer Kultur der Digitalität » héieren. Am Nomëtteg an um Samschdegmoien goufen dëst Thema an och déi 4 grouss Saile vun eisem Schoulentwécklungsplang a Workshoppe verdéift.
Den LJBM war ëmmer eng ganz innovativ Schoul a mir versiche weiderhin, d’Zeeche vun der Zäit z’erkennen a schnell op d’Erausfuerderungen un d’Schoul an d’Gesellschaft ze reagéieren, fir datt mir eis Schüler a Studente beschtméiglechst kënnen ausbilden.
 

Résumé de la politique de confidentialité

Ce site web utilise des cookies afin de vous offrir la meilleure expérience d'utilisation possible. Les informations des cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site web et aider notre équipe à comprendre quelles sections du site web vous trouvez les plus intéressantes et les plus utiles.