E Mëttwoch, den 3.5., war d’Optioun “Life science” op d’Kaalber Millen an den Ourdall. Den Här Thielen vun Natur&Ëmwelt huet als éischt den Zentrum virgestallt an e bëssi d’Geschicht vun deem flotte Site erkläert. Dono goung et direkt eraus Richtung …
Oft gëtt vergiess, dat mer nieft der aktueller Klimakris och eng Biodiversitéitskris gëtt. Wëll vill eenhemesch Déierenaarte vum Ausstierwe bedreet sinn, huet d’Optioun „Save Our Planet“ zesumme mat hirem Enseignant T. Betz am Holzatelier speziell Flëntermauskëschte gebaut, déi elo am …
Haut hunn d’Examen ugefaangen. Mir wënschen all eise Primaner an och all eisen aneren Ofschlossklasse ganz vill Erfolleg! Dir hutt et bis heihi gepackt, dir packt och nach déi lescht Etapp. Mir gleewen un iech!
Réckbléck: D’Schüler vun der 5C1 a 5C3 hunn am 2. Trimester fir de Cours Vie et société eng “gute Tat” gemaach, fir déi si, ganz am Sënn vun der Autonomie, vum Choix bis zur Duerchféierung selwer responsabel waren. Dobäi si …
Vum 16.4. bis den 21.4. huet den 2. Deel vum Schüleraustausch mat eiser Partnerschoul zu Baza a Spuenien, der „I.E.S Pedro Jiménez Montoya“, stattfonnt. Dësen Austausch gëtt am Kader vum „Erasmus+“-Programm vun der Europäescher Kommissioun finanziell ënnerstëtzt. Nodeems am Februar …
An de leschte Wochen huet sech d’2GIG méi genee mat de Fachwierker befaasst. D’Schüler hunn dobäi och hir eege Brécken entworf, berechent a gebaut. Gratulatioun un d’Gewënnerekipp: Hir Bréck aus 400 Gramm Spaghetti huet herno iwwer 11 kg gedroen.
News vum Projet Give Box: Elo geet et ëm spannend Lektür! Wien neie Liesstoff brauch oder e puer vu senge Bicher ofgi wëll, kann dat méindes a freides tëschent 11:50 an 12:40 Auer an der Give Box virum CDI maachen.
De leschte Mëttwoch huet eis 2GIG an der Chimie en interessant praktescht Experiment zum Sujet Spektrophotometrie gemaach. D’Schüler hu mat Hëllef vum Photometer hir selwer hiergestallte Léisunge gemooss.
Den 28.3. haten d’Schüler vun de 6C-Klassen wärend der « Journée française » d’Geleeënheet, Frankräich an d’Franséisch eng Kéier anescht kennen ze léieren. Si haten d’Wiel tëschent 3 Atelieren – an der Kichen hu si selwer dem Proust seng bekannte Madeleine …
Den 2. Mee war déi 1. Seance vun de “Science Days” am LJBM. Et war e flotten Nomëtteg fir d’Schüler aus dem Cycle 4 aus dem Fondamental, déi eise Makerspace an d’Naturwëssenschaften bei eis am LJBM entdeckt hunn. Fir d’éischt …