Schüleraustausch a Spuenien

Publié le 15/05/2023

Vum 16.4. bis den 21.4. huet den 2. Deel vum Schüleraustausch mat eiser Partnerschoul zu Baza a Spuenien, der „I.E.S Pedro Jiménez Montoya“, stattfonnt. Dësen Austausch gëtt am Kader vum „Erasmus+“-Programm vun der Europäescher Kommissioun finanziell ënnerstëtzt. Nodeems am Februar 7 spuenesch Schüler eng flott Woch zu Lëtzebuerg verbruecht haten, war et elo un de Schüler vun eiser COMED-Sektioun a vun der Optioun Spuenesch, fir eng Woch an Andalusien däerfen ze verbréngen. Fir hir Spueneschkenntnisser ze verbesseren, hunn eis Schüler a Spuenien u verschiddene Workshops a Coursen deelgeholl. Donieft stoungen awer och kulturell Visitten an Ausflich an d’Natur um Programm, wéi z. B. ee spannenden Dagesausfluch op Granada mat enger Visitt vun der Alhambra oder en Ausfluch an d’Sierra de Baza. Eis Schüler haten eng onvergiesslech Woch, wou si vill nei Frëndschafte knäppe konnten, an un déi si nach laang wäerten zréckdenken.

 

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 20 secondes