Optioun « Life science » op d’Kaalber Millen

Publié le 19/05/2023

E Mëttwoch, den 3.5., war d’Optioun « Life science » op d’Kaalber Millen an den Ourdall. Den Här Thielen vun Natur&Ëmwelt huet als éischt den Zentrum virgestallt an e bëssi d’Geschicht vun deem flotte Site erkläert. Dono goung et direkt eraus Richtung Our. D’Schüler hunn als éischt eng global Gewässeranalys gemaach. Uschléissend huet jiddereen no Déiercher gesicht, déi dunn am Labo analyséiert goufen, fir d’Gewässerqualitéit kënnen ze bestëmmen. Als Ofschloss gouf d’Flossperlmuschelzuchtstatioun och ausféierlech gewisen. D’Wieder huet deen Dag och gutt matgespillt, sou dass et eng wierklech gelongen 1. Sortie fir dëst Trimester an der Optioun war.
LJBM – « Du, d’Natur an d’Wëssenschaft. »

Résumé de la politique de confidentialité

Ce site web utilise des cookies afin de vous offrir la meilleure expérience d'utilisation possible. Les informations des cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site web et aider notre équipe à comprendre quelles sections du site web vous trouvez les plus intéressantes et les plus utiles.