Science Days am LJBM

Publié le 10/05/2023

Den 2. Mee war déi 1. Seance vun de “Science Days” am LJBM. Et war e flotten Nomëtteg fir d’Schüler aus dem Cycle 4 aus dem Fondamental, déi eise Makerspace an d’Naturwëssenschaften bei eis am LJBM entdeckt hunn. Fir d’éischt ass am Makerspace ënner Uleedung e Mikroskop zesummegebaut ginn, fir mat heem ze huelen. Duerno sinn am Biosdepartement ënnert dem Mikroskop Schlappendéiercher gekuckt ginn, déi flénk ënnerwee waren. Dëst sinn Eenzeller, déi ee selwer mat engem Heeopgoss doheem ziichte kann. Déi nächst Seance vun de Science Days ass dësen Donneschdegmëtteg, den 11. Mee vu 14:30 bis 16:15 Auer. Et si just nach e puer Plaze fräi! Umeldung iwwert Email un secretariat-eleves@ljbm.lu.

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes