Journée Française 2023

Publié le 10/05/2023

Den 28.3. haten  d’Schüler vun de 6C-Klassen wärend der « Journée française » d’Geleeënheet, Frankräich an d’Franséisch eng Kéier anescht kennen ze léieren. Si haten d’Wiel tëschent 3 Atelieren – an der Kichen hu si selwer dem Proust seng bekannte Madeleine gebak, am Theater hu si erlieft, wéi et ass, op der Bün ze stoen, an am 3. Atelier hu si iwwert interaktiv Aktivitéiten um iPad d’Geographie an d’Gastronomie vu Frankräich méi genau studéiert. Natierlech huet eng Degustatioun vu Spezialitéite wéi Baguette mat Kéis, Quiche Lorraine, Chouquetten oder Tarte citron och net dierfe feelen.

 

 

 

 

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes