De leschten Donneschdeg, 26.9., haten d’Gewënner vum Concours “Astronaut for a day”, organiséiert vun der Luxembourg Space Agency, déi grouss Éier, un engem 0 G-Fluch deelzehuelen. D’Participanten, dorënner mam Samuel Thommes an dem Misael Ramos 2 Schüler aus dem LJBM, …
Och d’5P1 huet de leschten Donneschdeg, den 28. September, ee ganz flotten Dag am Naturschutzzentrum “Mirador” zu Stengefort verbruecht. D’Thema vun hirer Aktivitéit war “Survival”, an et goung e. a. dorëm, Champignonen a Kraider z’erfuerschen. Nodeems d’Schüler fläisseg eng Rei …
E Freideg, den 29. September, waren d’Klassen 3GIG an 3CBC mat hire Physiks- a Chemiesproffen op d’”Luxembourg International Science Expo”. Op iwwer 50 verschiddene Stänn konnten eis Schüler sech Fuerschungsprojete vun anere Schüler, Studenten a Wëssenschaftler ukucken a mat hinnen …
D’5P2 huet en Donneschdeg, den 28. September, ee ganz opreegenden Dag am Naturschutzzentrum “Mirador” zu Stengefort verbruecht. Wärend engem laange Spadséiergang duerch de Bësch goufen erausfuerderend Teambuilding-Aktivitéiten duerchgefouert, woubäi déi Jonk geléiert hunn, méi effektiv zesummen ze schaffen. …
En Dënschdeg, de 26. September, hat den LJBM den Här Haupert, Direkter vu CARE Lëtzebuerg, op Besuch. Den Här Haupert huet d’Hëllefsorganisatioun virgestallt an iwwert déi vill Projeten informéiert, déi vun CARE an d’Liewe geruff gi sinn. Esou huet d’Organisatioun …
Am Kader vun eisem Projet d’établissement “Eis Schoul – een Team” hunn eis 6G-Klasse dëse Méindeg en Teambuilding-Dag zu Lëlz gehat, wou eis Schüler mat hiren Enseignantë bei guddem summerleche Wieder eng Rei Aktivitéiten um Waasser gemaach hunn.
Wéinst dem Passage vum Tour de Luxembourg virun eisem Lycée en Donneschdegmëtteg ass d’Schoul dësen Donneschdeg, den 21. September, schonn um 11:50 Auer eriwwer; den Depart vun de Schoulbusser ass fir 12:00 Auer virgesinn.
Als Ofschloss vum Schouljoer huet d’Optioun Sport en Ausfluch an d’Adventure Valley Durbuy an der Belsch gemaach. Mat flotten Outdooraktivitéiten wéi Héichseelgaart, Kayak, Spéleo an Tubing goungen déi 2 Deeg séier iwwert d’Bün. Doniewent hunn d’Schüler vun der Schwämm an …
D’5C1 gouf de leschte Schouldag agespaart! D’Schüler hu sech misse kniwwelegen Aufgabe stellen, fir aus den Escape Rooms vum Crocus Quest rauszekommen. Wärend déi eng d’Welt virun der Terrorherrschaft vum Sauron rette missten, sinn déi aner, wéi an der Casa …
Den 3. Juli huet d’Associatioun “Pro Latinitate” am Stater Kolléisch déi bescht Latinisten aus dem ganze Land op hir alljärlech Präisiwwerreechung agelueden. Den LJBM wor mat enger Delegatioun vun 6 Schüler vertrueden, déi hire verdéngte Präis a Begleedung vum Här …