D’5C1 am Escape Room

Publié le 21/07/2023
D’5C1 gouf de leschte Schouldag agespaart! D’Schüler hu sech misse kniwwelegen Aufgabe stellen, fir aus den Escape Rooms vum Crocus Quest rauszekommen. Wärend déi eng d’Welt virun der Terrorherrschaft vum Sauron rette missten, sinn déi aner, wéi an der Casa de Papel, no engem Bankiwwerfall virun der Police fortgelaf an de leschte Grupp huet sech am Kanada an engem verloossenen Haus ëremfonnt, op deem e Fluch loung. No laangem Sichen, Rätselen, Kombinéieren an der enger oder anerer Schrecksekonn hu sech allen dräi Gruppe konnten aus hirer Situatioun befreien a si hunn et gepackt, no knapp 60 Minutten nees an der Fräiheet ze sinn. Domat ass dunn en opreegende leschte Schouldag op en Enn gaangen, op deem d’Schüler sech virun hirer wuelverdéngter Summervakanz nach emol gutt zesummen ameséiert hunn.

 


20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes