Naturschutzzentrum « Mirador » 5P1

Publié le 04/10/2023

Och d’5P1 huet de leschten Donneschdeg, den 28. September, ee ganz flotten Dag am Naturschutzzentrum « Mirador » zu Stengefort verbruecht. D’Thema vun hirer Aktivitéit war « Survival », an et goung e. a. dorëm, Champignonen a Kraider z’erfuerschen. Nodeems d’Schüler fläisseg eng Rei iessbar Champignonen a Kraider gesammelt hunn, ass duerno dobaussen zesumme gekacht ginn.