De leschte Freideg war d’Diplomiwwerreechung bei eis am LJBM. Wéi esou oft hunn eis Schüler och dëst Joer erëm fantastesch Resultater an hiren Ofschlossexamen erreecht – e. a. 6x excellent, 11x très bien, 39x bien, 6x assez bien. D’Schüler, d’Elteren …
An de leschte Wochen huet d’3C-URBS/COMED mat hirem Enseignant, dem Här Schmit, e Solarauto gebastelt. D’Zil war erauszefannen, wien herno am séiersten iwwert de Gank fuere kann. Hei e puer Impressiounen.
De 14. Juni haten d’Studente vum BTS B2PI d’Geleeënheet, d’Europäescht Parlament zu Bréissel ze besichen. Den Dag huet ugefaange mat enger Visitt am Parlamentarium an engem uschléissenden Empfang vum Marc Angel, Vizepresident vum Europäesche Parlament. De Marc Angel huet de …
Réckbléck: Vum 5.6 bis den 8.6. waren d‘Schüler vun der 4C1 op enger Klasserees zu München. Um Programm stungen eng Rei vun Aktivitéiten, wéi z. B. eng Visitt vum “Deutsches Museum”, eng Visitt vun der Bavaria Filmstadt, an där d‘Schüler …
Bei der leschter Seance vun der “Weltraum AG” hunn d’Schüler hir selwer gebaute Waasserrakéit gestart, wat deelweis fir eng agreabel Ofkillung gesuergt huet. D’Ofschossramp fir d’Rakéit haten d’Schüler och selwer gebaut. Duerno hu si dann nach d’Rakéit mat deenen am …
Just virun de Gemengewalen hunn d’Schüler aus der 2C-URBS/COMED de Projet “Democratia” lancéiert. Iwwer ee Mount hu si all Woch eng Zeitung zu engem aneren Thema am Zesummenhang mam Respekt vun der Demokratie an de Mënscherechter rausbruecht. D’Schüler si vun …
Am Makerspace gouf e Schachbriet fir den CDI gebaut. Heifir goufen eng Rei verschidden Techniken ugewant; d’Figure goufe mam 3D-Printer geprint, d’Spillfeld selwer gouf mam Lasercutter gemaach an d’Halterung vum Spillfeld besteet aus Polymerbeton. E Merci geet un den Här …
D‘5C2 krut Enn Juni Besuch vum Sergeant Johnson vun der United States Embassy vu Lëtzebuerg. Nieft dem 4th July huet d’Klass sech vill fir den Educatiounssystem, d’politesch Situatioun an d’Alldagsliewen am Sergeant Johnson senger Heemecht intresséiert. Ausserdeem krute si een …
Gëschter war de grousse Vernissage vun eiser A3D-Ausstellung. Den Här Christnach an den Här Herrmann hunn déi iwwer 80 Gäscht begréisst, de Kontext vun dëser spezieller Sektioun erkläert an duerno konnten d’Visiteuren d’Projeten a Maquettë vun de Schüler entdecken. D’Aarbechten …
Hei e puer Impressiounen aus der Optioun “Wëssenschaft” op eiser 5G scientifique. Oxidatiounen am Sauerstoff sinn impressionnant!