Projet Democratia

Publié le 11/07/2023
Just virun de Gemengewalen hunn d’Schüler aus der 2C-URBS/COMED de Projet « Democratia » lancéiert. Iwwer ee Mount hu si all Woch eng Zeitung zu engem aneren Thema am Zesummenhang mam Respekt vun der Demokratie an de Mënscherechter rausbruecht. D’Schüler si vun der Fro ausgaangen « Wat bedeit Demokratie eigentlech fir mech? », hu wärend Wochen d’Aktualitéit suivéiert an eng déifgrënneg Recherche zu den ënnerschiddlechsten Theeme gemaach. Zu all Zeitung hu si e Quiz rausginn an e Gewënnspill fir d’Schüler lancéiert. Duerch de Kuchverkaf freides an der Moiespaus si 500 Euro erakomm, déi d’Schüler wëllen un Coopération Nord-Sud spenden. D’Asbl war elo virun der Vakanz mat enger Expo iwwer d’Mënscherechter bei eis an der Schoul an huet an deem Kader och e Workshop ugebueden.
Résumé de la politique de confidentialité

Ce site web utilise des cookies afin de vous offrir la meilleure expérience d'utilisation possible. Les informations des cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site web et aider notre équipe à comprendre quelles sections du site web vous trouvez les plus intéressantes et les plus utiles.