BTS B2PI besichen d’Europäesch Parlament

Publié le 12/07/2023

De 14. Juni haten d’Studente vum BTS B2PI d’Geleeënheet, d’Europäescht Parlament zu Bréissel ze besichen. Den Dag huet ugefaange mat enger Visitt am Parlamentarium an engem uschléissenden Empfang vum Marc Angel, Vizepresident vum Europäesche Parlament. De Marc Angel huet de Grupp duerch d’Gebai begleet a sech als ee ganz opmierksame Guide gewisen, deen op all Fro agaangen ass. No engem gemeinsame Mëttegiessen ass den Dag am Musée de l’Europe weidergaangen an am Büro vum CEPI (Conseil européen des Professions immobilières) zu engem Enn komm. Bei der CEPI hunn d’Studente Kenntnisser iwwer d’Aktivitéite vun dëser europäescher Associatioun kritt, iwwer hir Roll am Lobbying am Interessi vun de Beruffer am Immobiliëberäich souwéi iwwer déi verschidde professionell Hëllefsmëttel, déi de Member-Associatiounen zur Verfügung stinn. E grousse Merci un de Marc Angel, un d’Chambre immobilière an un de CEPI fir hire Bäitrag zu engem erfollegräichen Dag!

 

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes