Präisser vu Pro Latinitate

Publié le 19/07/2023

Den 3. Juli huet d’Associatioun “Pro Latinitate” am Stater Kolléisch déi bescht Latinisten aus dem ganze Land op hir alljärlech Präisiwwerreechung agelueden. Den LJBM wor mat enger Delegatioun vun 6 Schüler vertrueden, déi hire verdéngte Präis a Begleedung vum Här Direkter Christnach a vum Här Batista entgéintgeholl hunn. Mir gratuléieren op dësem Wee nach eng Kéier dem Junyi, dem Max, dem Anne-Marie, dem Lena, dem Enzo an dem Filip fir hir gutt Leeschtung. Gloria vobis nunc est! (net op der Foto: Junyi a Filip)