Back
Showing 111-120 of 177 results

Ofschloss vum « Erasmus+ »-Projet

28/02/2024

De leschte Freideg ass eng interessant « Erasmus+ »-Woch fir eis 14 Schüler an hier 18 Gäscht aus der Belsch, Däitschland a Polen op en Enn gaang. Als Ofschloss stoungen de leschten Dag direkt nach e puer Highlights um Programm. Déi ganz …

Praktescht Schaffen an der Bio op der Sektioun 3S am ESG

26/02/2024

D’Schüler vun eiser neier Sektioun 3S am ESG hu sech am prakteschen Unterrecht mat der Enzymaktivitéit vun der Amylase beschäftegt. Mathëllef vu verschiddenen Tester hu si analyséiert, wéi d’Enzymaktivitéit vun der Temperatur ofhänkt. Heibäi hu si ënner anerem erausfonnt, wéi …

Den LJBM bei der First Lego League

23/02/2024

En Team vu 5 Schüler aus eise Klasse 4GPS, 4GIG a 7G-« Pësperraum » huet haut zesummen mat hire Coachen, dem Här Heymans an dem Här Franck, un der First Lego League deelgeholl. Eis Schüler hunn 295 Punkten am Robot Game kritt, …

Erasmus+ am déiwe Süde vum Land

22/02/2024

Um 3. Dag vum « Erasmus+ »-Meeting am LJBM ass de Grupp vun 32 Schüler an 8 Proffen aus der Belsch, Däitschland, Spuenien a Lëtzebuerg op de Spuere vun der Immigratioun am Süde vun eisem Land ënnerwee gewiescht. No enger interessanter Féierung …

2. Dag vum « Erasmus+ »-Projet

21/02/2024

Den 2. Dag vum « Erasmus+ »-Meeting am LJBM huet ugefaang mat engem Virtrag vun der Mme Caldognetto iwwer d’Geschicht vun den italieneschen Iesstraditiounen zu Lëtzebuerg. Dono waren eis Schüler mat hiren auslännesche Gäscht -ënnert dem Motto “Cultural Foodprints”- an der Stad …

Erasmus+ am LJBM

20/02/2024

“Cultural Foodprints” – ënnert deem Motto huelen dës Woch 14 Schüler vu 5e bis 3e un engem « Erasmus+ »-Meeting bei eis am LJBM deel, zesumme mat 18 Schüler aus der Belsch, Däitschland a Spuenien. E Sonndeg, den 18.2., hunn eis Schüler …

Gutt Leeschtung am Handball

20/02/2024

Um LASEL-Handballchampionnat fir net-lizenzéiert Spiller bei de Minimes huet eis Ekipp eng gutt Leeschtung gewisen an an der Virronn 2 vun 3 Matcher gewonnen. Duerno hunn eis Spiller an der Halleffinall 9-3 géint d’EPFL gewonn a leider d’Finall am LMRL …

Kreativitéit am Makerspace

09/02/2024

An eisem Makerspace ass erëm fläisseg geschafft ginn. Eis Schüler hu fir d’éischt hire Projet selwer entworf. D’Aufgab war, eppes mat engem klenge Stroumcircuit ze plangen, fir doduerch och Basiswëssen iwwert Elektronik ze kréien a sech mam Léiden ze familiariséieren. …

Molière am LJBM

08/02/2024

Den 30. Januar sinn zwee Schauspiller vum Théâtre Ouvert Luxembourg an den LJBM komm, den Här Jean-Marc Barthélemy an d’Madamm Béatrice Paquet. Mat hirer « Malle de Molière » hu si eisen 3C- an 3G-Schüler eng ganz flott an original …

Den Här Giorgetti op Besuch am LJBM

08/02/2024

Am Kader vun der Matinée d’orientation den 19.1. hate mir d’Chance, den Här Marc Giorgetti (Félix Giorgetti Sàrl) bei eis am LJBM op Besuch ze hunn. De frësch designéierten „Entrepreneur vum Joer 2023“ huet viru sämtleche Schüler aus de Baufächer …

  • Erasmus+ EU programme
  • Mérite Jeunesse
  • Mir sinn eng Fairtrade