Den Här Giorgetti op Besuch am LJBM

Publié le 08/02/2024

Am Kader vun der Matinée d’orientation den 19.1. hate mir d’Chance, den Här Marc Giorgetti (Félix Giorgetti Sàrl) bei eis am LJBM op Besuch ze hunn. De frësch designéierten „Entrepreneur vum Joer 2023“ huet viru sämtleche Schüler aus de Baufächer e ganz spannende Virtrag gehalen. Den Här Giorgetti huet net nëmmen iwwert säi berufflechen Alldag geschwat, mee och d’Geschicht an den Opbau vum Familljebetrib Giorgetti erkläert an eenzel interessant Bauprojete virgestallt. D’Schüler konnte sech sou en Androck vun deene verschiddene Beruffsbiller innerhalb vun der Firma Giorgetti an och vum Bausecteur am grousse Ganze verschafen. Als Bonus kruten eis Schüler esouguer e klengen Abléck an d’Konstruktioun vun héichkomplexe Seegelbooter. Mir soe villmools Merci fir dee flotte Moment!

 

Résumé de la politique de confidentialité

Ce site web utilise des cookies afin de vous offrir la meilleure expérience d'utilisation possible. Les informations des cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site web et aider notre équipe à comprendre quelles sections du site web vous trouvez les plus intéressantes et les plus utiles.