Ofschloss vum “Erasmus+”-Projet

Publié le 28/02/2024

De leschte Freideg ass eng interessant “Erasmus+”-Woch fir eis 14 Schüler an hier 18 Gäscht aus der Belsch, Däitschland a Polen op en Enn gaang. Als Ofschloss stoungen de leschten Dag direkt nach e puer Highlights um Programm. Déi ganz Woch iwwer hunn d’Schüler Interviewe gefouert mat Leit mat Migratiounshannergrond an hu vun dëse Leit och Kachrezepter aus hirer aller Heemecht gefrot. Dës Rezepter sinn e Freiden am Kichen-Atelier vum LJBM zesumme preparéiert a gekacht ginn. Duerno ass et weidergaang mat engem Virtrag vun eisem Éieregaascht, dem Här Jean Asselborn (cf. Post vu gëschter). De laangjärege fréieren Ausseminister huet en interessante Virtrag gehal a sech dono de Froe vun de Schüler gestallt. Du gouf et erëm kulinaresch. Déi vun de Schüler gekachte Rezepter si presentéiert ginn, zesumme mam Migratiounshannergrond vun der Persoun, déi de Schüler d’Rezept ginn hat. All Grupp vu Schüler huet ausserdeem de Video-Blog virgestallt, deen se iwwer eng vun den Aktivitéiten vun der Woch gemaach hat. Fazit: Respekt, d’Schüler hunn eng super Aarbecht geleescht. Fir déi ganz Woch ofzeschléissen, hunn d’Schüler an hir Enseignantë sech schliisslech dat vun hinne selwer gekachten Iesse gutt schmaache gelooss.
Mir soe jidderengem Merci, deen zum Gelénge vun dëser Projetswoch bäigedroen huet a mir freeën eis elo schonn op déi nächst zwee Meetingen am Kader vun dësem flotte Projet, an zwar am Oktober 2024 zu Baza a Spuenien, an am Februar 2025 zu München.
[Dëse Projet gëtt finanziell ënnerstëtzt vum “Erasmus+”-Programm vun der Europäescher Unioun.]

 

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes