Erasmus+ am déiwe Süde vum Land
Publié le 22/02/2024Um 3. Dag vum “Erasmus+”-Meeting am LJBM ass de Grupp vun 32 Schüler an 8 Proffen aus der Belsch, Däitschland, Spuenien a Lëtzebuerg op de Spuere vun der Immigratioun am Süde vun eisem Land ënnerwee gewiescht.
No enger interessanter Féierung duerch den italienesche Quartier zu Diddeleng mat der Historikerin Mme Antoinette Reuter hunn d’Schüler an d’Enseignanten nomëttes den nationale Minne-Musée zu Rëmeleng besicht.
[Dëse Projet gëtt finanziell ënnerstëtzt vum “Erasmus+”-Programm vun der Europäescher Unioun.]