Gutt Leeschtung am Handball

Publié le 20/02/2024

Um LASEL-Handballchampionnat fir net-lizenzéiert Spiller bei de Minimes huet eis Ekipp eng gutt Leeschtung gewisen an an der Virronn 2 vun 3 Matcher gewonnen. Duerno hunn eis Spiller an der Halleffinall 9-3 géint d’EPFL gewonn a leider d’Finall am LMRL géint d’Heemekipp knapps mat 6-9 verluer. No engem flotten, awer ustrengenden Nomëtteg beleet eis Ekipp déi 2. Plaz am LMRL.