Molière am LJBM

Publié le 08/02/2024

Den 30. Januar sinn zwee Schauspiller vum Théâtre Ouvert Luxembourg an den LJBM komm, den Här Jean-Marc Barthélemy an d’Madamm Béatrice Paquet. Mat hirer « Malle de Molière » hu si eisen 3C- an 3G-Schüler eng ganz flott an original Virféierung vun deene bekanntsten Zeene vun 3 Piècë vum Molière gemaach: de « Bourgeois gentilhomme », de « Misanthrope » an de « Malade imaginaire ». D’Schüler goufen an de Spektakel integréiert an hunn et ganz flott a witzeg fonnt. Si hunn och déi virgefouert Zeene vum « Bourgeois gentilhomme » direkt rëmerkannt!