2. Dag vum « Erasmus+ »-Projet

Publié le 21/02/2024

Den 2. Dag vum « Erasmus+ »-Meeting am LJBM huet ugefaang mat engem Virtrag vun der Mme Caldognetto iwwer d’Geschicht vun den italieneschen Iesstraditiounen zu Lëtzebuerg. Dono waren eis Schüler mat hiren auslännesche Gäscht -ënnert dem Motto “Cultural Foodprints”- an der Stad ënnerwee, wou si am“Lëtzebuerg City Museum” d’Ausstellung “All you can eat” besicht hunn.

No enger interessanter Visitt bei Radio Latina haten d’Schüler d’Geleeënheet, mat de Mataarbechter iwwer hire Migratiounshannergrond ze schwätzen.

Déi lescht Etapp vum Dag war de Restaurant Chiche, deen exklusiv Flüchtlingen an Immigrante beschäftegt, a wou d’Schüler och Interviewe mam Personal konnte féieren. E gemeinsaamt Owesiesse fir Schüler a Proffen huet de Programm vum Dag ofgeschloss.

[Dëse Projet gëtt finanziell ënnerstëtzt vum « Erasmus+ »-Programm vun der Europäescher Unioun.]

 

Résumé de la politique de confidentialité

Ce site web utilise des cookies afin de vous offrir la meilleure expérience d'utilisation possible. Les informations des cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site web et aider notre équipe à comprendre quelles sections du site web vous trouvez les plus intéressantes et les plus utiles.