Dëst Joer hunn eis Schüler vun der 6P1 an der 6P2 um Hip HopMarathon deelgeholl. 😀 Dëst ass e Projet, dee vun de Rotonden realiséiert gëtt, mat dräi Optrëtter an de Rotonden, zu Ettelbréck am Cape an an der Rockhal. …
Donneschden den 29 Juni war bei eis d’Präisiwwerreechung fir d’Élèves méritants. Mir si ganz frou, datt mir esou vill excellent Schüler hunn, déi fantastesch geschafft hunn. Als Belounung gouf et gëschter en Zertifikat an e klenge Kaddo. Als Direktioun si …
Am Kader vun der Lasel huet de leschten Donneschdeg den Gym Open fir affiliéiert Turnerinnen an Turner zu Uewerkuer an der Hal stattfonnt. 14 Lycéeë sinn un den Depart gaangen a vum LJBM war och 1 Turnerin dobäi. D‘Andreia R. …
En Donneschdeg, de 15.6., war d’Klass 3CC op eng Sortie écologique op d’Kalbermillen op der Our. Hei gouf ënnert der Uleedung vum F. Thielen vun natur&ëmwelt de biologeschen Zoustand vun der Our ënnersicht, andeems d’Waasserdéiere gesammelt a bestëmmt goufen, fir …
An der Optioun vun der Sektioun A3D léieren déi jonk Schüler, wéi ee Bauwierker an urban Raim duerstelle kann, sief dat digital oder a Form vu Maquetten. Am 2. an 3. Trimester vun dësem Joer hunn d’Schüler vun de 3GA3D …
De leschte Mëttwoch hunn eis Schüler vun der 2GIG mat hirem Enseignant an der Physik d’Schallgeschwindegkeet unhand vum Versuch « Kundtsche Röhre » ermëttelt. Heibäi gëtt de Buedem vun engem Glasrouer mat Korkmiel bedeckt. Op engem Enn vum Rouer steet e Lautsprecher, …
D’Biller an de sozialen Netzer waren erschreckend. En Affer op de Knéien, eng Täterin, verbal a physesch gewalttäteg. Ronderëm eng Hellewull aner Jugendlecher, déi ufeieren an alles mat hiren Handye filmen. Jiddereen, deen dës Videoe gesinn huet, war bis op …
Och dëst Joer hu verschidde Klassen aus dem LJBM um « Maach Math » deelgeholl. De Maach Math ass ee Wettbewerb, bei deem déi jeeweileg Klass eng Rei mathematesch Aufgabe gestallt kritt, déi d’Schüler da komplett eleng léise sollen. Dobäi mussen d’Schüler …
D’Schüler aus der 3C-COMED an aus der Optioun Éducation artistique vun de Klassen 3C, 2C an 1C esou wéi der 2GA3D hunn dëst Joer un enger Sensibiliséierungscampagne fir d’Police Lëtzebuerg matgewierkt. Si hunn hir flott Iddien dobäi souwuel a Form …
Réckbléck: E Freideg, den 12.5., war d’Klass 2GA3D a Begleedung vun hiren Enseignantë Mme Strasser an Här Di Stasi op Déifferdeng an de Science Center, fir do zesumme mat Architekte vum OAI an Ingenieuren een Abléck an den Alldag vun …



