Hiphop Projet 6P

Publié le 03/07/2023

Dëst Joer hunn eis Schüler vun der 6P1 an der 6P2 um Hip HopMarathon deelgeholl. 😀 Dëst ass e Projet, dee vun de Rotonden realiséiert gëtt, mat dräi Optrëtter an de Rotonden, zu Ettelbréck am Cape an an der Rockhal. Vum Januar un hunn eis Schüler all Woch geüübt, sief dat den Danz an d’Schrëtt, déi si sech selwer ausgeduecht hunn, oder hire Rap-Text, deen si selwer geschriwwen hunn. De Projet ass eng eemoleg Erfarung fir emol op enger Bün viru Leit ze performen an zum Deel un déi eege Grenzen ze kommen, an awer aus sech eraus ze kommen an ze wuessen. Merci un d’Rotonden an d’Kënschtler fir de super Encadrement an hir Motivatioun.

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes