Sektioun A3D: Héichtemodell

Publié le 22/06/2023

An der Optioun vun der Sektioun A3D léieren déi jonk Schüler, wéi ee Bauwierker an urban Raim duerstelle kann, sief dat digital oder a Form vu Maquetten. Am 2. an 3. Trimester vun dësem Joer hunn d’Schüler vun de 3GA3D een Héichtemodell gebaut, wou si hiert eegent entworfe “Lego”-Bauwierk drop implantéiert hunn. Parallel dozou hu si am Cours vun der Architektur fir dëst Bauwierk e Projet ausgeschafft, wéi dës Konstruktioun als Wunnraum kéint benotzt ginn. Dëst ass nëmmen ee Beispill, wéi flott d’Schüler op der A3D kënne schaffen an déi interdisziplinär Projeten an d’Zesummenaarbecht vun de verschiddene Fächer gefërdert gëtt.