Sortie op d’Kalbermillen op der Our.

Publié le 26/06/2023

En Donneschdeg, de 15.6., war d’Klass 3CC op eng Sortie écologique op d’Kalbermillen op der Our. Hei gouf ënnert der Uleedung vum F. Thielen vun natur&ëmwelt de biologeschen Zoustand vun der Our ënnersicht, andeems d’Waasserdéiere gesammelt a bestëmmt goufen, fir de Saprobienindex (Güteklasse) vun der Our z’ermëttelen. Nomëttes sinn d’Schüler mat hiren Enseignanten dunn op Iechternach an d’Friemholz gefuer, fir en Ekosystem vun engem alen naturnoen Eechebësch z’ënnersichen. Hei fënnt aktuell e Fuerschungsprojet vun der Natur- a Bëschverwaltung statt, wéi eng nohalteg Bëschgestioun zesummen mam Schutz vun der bedreete Bechsteinfliedermaus kann ausgesinn. Och sinn d’Schüler vill gewuer ginn iwwert d’Problematik vum Ofstierwe vun de Bëscher ënnert dem aktuelle Klimawandel a wéi eng Baamzorte besser ugepasst sinn, fir d’Bëscher fir d’Zukunft iwwert natierlech Verjéngung ze regeneréieren.

LJBM – « Du, d’Natur an d’Wëssenschaft. »

Résumé de la politique de confidentialité

Ce site web utilise des cookies afin de vous offrir la meilleure expérience d'utilisation possible. Les informations des cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site web et aider notre équipe à comprendre quelles sections du site web vous trouvez les plus intéressantes et les plus utiles.