De 27.4. hunn 13 Schüler vun der 5C1 an der Finall vum Theaterconcours « Du trac au tac » matgemaach. Op der Bün vum Escher Theater hu si zesumme mat Schüler aus 4 anere Lycéeën dem Publikum kuerz Zeene virgespillt. …
Eis 6C-Klassen haten Enn Mäerz d’Geleeënheet, en interessanten Dag bei de “Georges Kayser Altertumsfuerscher” ze verbréngen. An hirem Musée zu Nouspelt kruten d’Schüler fir d’éischt en informativen Androck iwwert d’Aarbecht vun engem Archeolog an duerno sinn se op eng Zäitrees …
Eis Schüler vun den 3e-Klasse vun de Sektiounen C-COMED, C-URBS, GIG a GPS sinn och dëst Joer zu Holzgau am Lechtal, fir d’Natur z’erkunden, ze wanderen an eng flott Zäit z’erliewen. Lassgaang ass et bei guddem Wieder mat enger Ganzdagswanderung …
An engem flotte Projet hunn d’Schüler aus eiser Voie de préparation d’Mauere vun eisem Lycée verschéinert, dëst ënnert der Leedung vun de Kënschtler Daniel Mac Lloyd a Raphael Gindt aus dem “Kamellebuttek”. Ënnert deene villen impressionante Biller ass och ee …
Eis Portes ouvertes 2024 sinn eriwwer. Freiden den 26 Abrëll an Samschden den 27 Abrëll konnt een net nëmmen déi hei puer Zeene bei eis erliewen, mee et konnt ee sech nach ganz vill aner spannend Ablécker an Andréck verschafen. …
D’YEP!-Schoulfoire ass eriwwer. Dofir nach eng lescht symbolesch Foto. Nach vill méi impressionnant wéi dës grouss Maschinn war den Asaz vun eise Schüler, eisen Enseignanten, eisem technesche Personal, eiser Administratioun an och der Direktioun an de leschten Deeg. Si all …
Et gouf och erëm eng Aktivitéit am Kader vum Mérite Jeunesse. Eng Ekipp vu 4 Schüler ass opgebrach, fir zwee Deeg mam Rucksak duerch d’Ländchen ze reesen. Si si beim LJBM gestart an den éischten Dag bis op Simmer op …
De 25.3. waren d’Schüler vum Theatergrupp eng ganz interessant Visitt vum Centre culturel Kinneksbond hei zu Mamer maachen. Do konnte si e Bléck hannert d’Kulisse werfen: Si stoungen net just op der Bün, mee och drënner, driwwer an hannendrun. Si …
Am Kader vum Concours “Respekt!?“, dee vum aktuelle « Projet d’établissement » lancéiert ginn ass, hunn d’Schüler vun der 7G4 zesumme mat hire Regenten an hirem Sportsproff Enn Mäerz een Dodgeball-Turnéier fir d‘7G- a 7C-Klassen organiséiert. D’Zil war et, e …
Hei e puer Impressioune vun eise Schüler vun der 6G1S (S fir scientifique), déi an eiser Optioun “Wëssenschaften” d’Méiglechkeet hunn, fir selwer ongeféierlech Experimenter duerchzeféieren an esou direkte Kontakt mat de Sciencen ze kréien. Dir wëllt méi iwwert eis Scientifiquesklasse …