Naturstage zu Holzgau

Publié le 07/05/2024

Eis Schüler vun den 3e-Klasse vun de Sektiounen C-COMED, C-URBS, GIG a GPS sinn och dëst Joer zu Holzgau am Lechtal, fir d’Natur z’erkunden, ze wanderen an eng flott Zäit z’erliewen. Lassgaang ass et bei guddem Wieder mat enger Ganzdagswanderung mam Biergguide Charly a Richtung Jöchelspitz op Elbigenalb. An den nächsten Deeg geet et viru mat ville sportlechen Aktivitéiten a spannenden Theemen. Servus aus dem Tirol!