Vu Kelten a Réimer

Publié le 07/05/2024

Eis 6C-Klassen haten Enn Mäerz d’Geleeënheet, en interessanten Dag bei de “Georges Kayser Altertumsfuerscher” ze verbréngen. An hirem Musée zu Nouspelt kruten d’Schüler fir d’éischt en informativen Androck iwwert d’Aarbecht vun engem Archeolog an duerno sinn se op eng Zäitrees duerch de Musée gefouert ginn. Eis Schüler sinn esou munches iwwert d’Liewen an d’Kultur vun de Kelten an duerno de Gallo-Réimer gewuer ginn, déi sech an der Géigend ronderëm den haitege Bësch “Am Miecher” bei Giewel ugesidelt haten. No engem Trëppeltour vu Nouspelt bis an de “Miecher” hunn déi engagéiert Leit vun de GKA deene Jonken d’Resultat vun hirer praktescher Aarbecht um Terrain gewisen. Ronderëm eng fantastesch gallo-réimesch Villa sinn eng etlech Niewegebaier mat verschiddene Funktioune scho restauréiert ginn, dorënner zum Beispill eng Metzlerei an esouguer eng sougenannte “Badeanlag”, sou wéi sech dat fir d’Réimer gehéiert huet. Et war eng spannend Erfarung ze gesinn, wéi Spueren, déi d’Leit laang virun eiser Zäit hannerlooss hunn, entdeckt an interpretéiert ginn. Merci un d’Guidë vun de GKA fir dee flotten an informativen Dag.