D’Schüler vun de Klasse 6GS1, 6G3 a 6G4 hunn dëst Joer am Kader vun hirem Geo-Cours eng Sensibiliséierungscampagne zum Theema Fairtrade bei eis an der Schoul organiséiert. An enger Ausstellung hu si d’Produktiounskette vu Schockela, Palmueleg a Bamwoll méi genee ënner d’Lupp geholl hunn. Si hunn eng Ëmfro zum Konsumverhale vun de Jugendlechen am Textilberäich bei eis am Gebai lancéiert a probéiert, op d’Niewewierkunge vu »Fast Fashion » opmierksam ze …
D’Schüler vun eise Klasse 5G1S, 5G2, 5G4, 5G5, 3CC, 3C-URBS an 3C-COMED haten e Freideg, de 5. Juli, d’Méiglechkeet, sech op d’Spuere vun enger vun de markantste Schluechten aus dem 1. Weltkrich ze beginn, an zwar zu Verdun. Um Programm …
Den 8. Juli huet d’6G1S am Kader vum Geschichtscours en Ausfluch an d’Stad gemaach. Fir d’éischt hunn d’Schüler mat den Enseignanten d’Bockkasematte visitéiert. Duerno si si gemittlech de Circuit Vauban getrëppelt. No enger Stäerkung an enger Paus am Gronn goung …
Eis 7G scientifique war als Ofschloss vun dësem spannenden 1. Joer am Lycée leschte Freideg an de Science Center op Déifferdeng. D’Schüler krute moies eng flott Show gebueden, wou si méi iwwert d’Theema Optik gewuer gi sinn: Vu siichtbar an …
Wärend de leschten Dënschdeg eis aktiivst Sportler de ganzen Dag um Séi geseegelt a mam SUP gefuer sinn, stoung deen Dag drop fir eis bescht 7e-Schüler Kajak a SUP um Programm. Si hunn alleguer dem duerchwuessene Wieder getrotzt an hate …
Als Ofschloss vun hirem 1. Joer Spuenesch waren d’Schüler aus der Optioun „Spuenesch“ Tapas schmaachen. Um Menu stounge pan con tomate y aceite de oliva, txistorra, patatas bravas, tortilla de patatas, ensaladilla rusa, calamares a croquetas de jamón. ¡Buen provecho …
E Freideg, de 5. Juli, sinn d’Schüler vun eisen 2 Sportoptiounen op Durbuy an d’Belsch gefuer, fir sech bei agreabelem Wieder un der Via Ferrata an am Kloterpark ze moossen, hir Ängschten am Freefall an am Speleoparcours z’iwwerwannen oder awer …
De 4. a 5. Juli waren d’Schüler vun der 2C-COMED an 2C-URBS mat der Madamm Linster an der Madamm Fratini op ee Minitrip op Rotterdam. Éischt Statioun waren d‘Wandmille vu Kinderdijk, duerno ass et weidergaang mat enger Haferonnfaart, dem Musée …
Den 1. Juli hat d’Associatioun « Pro Latinitate » déi bescht Latinisten aus dem ganze Land fir hir alljärlech Präisiwwerreechung an de Stater Kolléisch agelueden. De Lycée Josy Barthel vu Mamer war mat enger Delegatioun vu 6 Schüler vertrueden, déi hire verdéngte …
Den LJBM huet d’Natur net nëmmen am Motto, mee ëmmer erëm sinn eis Schüler quasi mattendran, dat esouguer aus dem Klassesall eraus. Och dëst Joer huet z. B. erëm en Tuermfallek bei eis um Gebai gebréit. Aus de Biossäll haten …



