Du trac au tac

Publié le 07/05/2024

De 27.4. hunn 13 Schüler vun der 5C1 an der Finall vum Theaterconcours « Du trac au tac » matgemaach. Op der Bün vum Escher Theater hu si zesumme mat Schüler aus 4 anere Lycéeën dem Publikum kuerz Zeene virgespillt. Den Daniel B. an de Mahir H. hunn heibäi de « Prix du jury » gewonnen. Mee och déi aner 11 Schüler hunn eng topp Leeschtung op der Bün bruecht a konnte gutt mat der staarker Konkurrenz mathalen. Et war net nëmmen ee flotten Owend, mee och eng ganz interessant Erfarung fir eis Schüler.