Am Kader vun hirem Klasseprojet „Obdachlosen hëllefen“ huet d‘5G5 d’lescht Joer Kontakt mat verschiddenen Hëllefsorganisatiounen opgeholl, e Sensibiliséirungsvideo gedréit an am Juli eng Sammelaktioun an der Schoul organiséiert. An der grousser Vakanz goufen dunn Këschte voll Kleeder a Liewensmëttel un …
Et ass endlech souwäit! 🥳 Nodeems gëschter eis 7e-Schüler hier nei Schoul entdecke konnten, sinn haut och all eis aner Schüler nees zréck an eis Säll sinn nees all mat Liewe gefëllt. 🤩 Mir freeën eis iech all erëm bei …
Geschwë geet et erëm lass! Mir freeën eis. 😃😊 Hei ass de Rentréeskalenner 2021.
De Passage vum Tour de Luxembourg duerch Mamer um 16.9. huet Afloss op d’Rentrée. D’Rentrée fir eis Schüler vun de 7es-Klassen dauert dowéinst just bis 12:50 Auer, d’Busser fueren duerno um 13:00 Auer beim Lycée fort. Weider Informatiounen fannt Dir …
Virun der Summervakanz hunn d’Schüler vun der 4CCL-1 den Erléis vun hirem Klasseprojet un d’Associatioun Aide à l’Enfance de l’Inde iwwerreecht. Duerch de Verkaf vun engem selwergemaachene Stickeralbum an de Stickeren, op deenen d’Gesiichter vu villen Enseignanten, Direktiounsmemberen a Memberen …
De leschte Schouldag huet den Direkter Här Christnach zesumme mat der Madamm Fratini fir de Projet d’établissement « Josy helps! » an dem Här Gleis vum Projet d’établissement « Digital Kompetenze fir d’Liewen (DKL) » déi 6 Klasse besicht, déi am Kader vum Klasseprojet …
Endlech ass et souwäit! No engem laangen an ustrengende Schouljoer, wënsche mir all eise Schüler, Enseignanten an dem gesamte Personal aus dem LJBM eng schéin an erhuelsam Summervakanz a soe jidderengem e grousse MERCI fir säin Asaz, seng Solidaritéit a …
Bravo A3D! 👏🙌😃 Vu Päischten un haten d’Klassen aus der Sektioun A3D (4e bis 2e) aus dem Mamer Lycée interdisziplinär un hirem Projet geschafft, deen Design, Architektur an Ingenieurswëssenschaften matenee verbënnt. Si hu ganz flott, innovativ Projeten zur Thematik « Industriebrachen …
Kuerz virun der Vakanz si mir vun der 6C3 a Begleedung vun der Mme Dominique Schmit, dem Här Lars Reiles an dem Här Maurizio Di Stasi op Déiljen (Dillingen) gefuer, fir do mat zwee Schlauchbooter d‘Sauer erof bis op Iechternach …













