Ausfluch 6C3 2021

Publié le 13/07/2021

Kuerz virun der Vakanz si mir vun der 6C3 a Begleedung vun der Mme Dominique Schmit, dem Här Lars Reiles an dem Här Maurizio Di Stasi op Déiljen (Dillingen) gefuer, fir do mat zwee Schlauchbooter d‘Sauer erof bis op Iechternach ze paddelen. Duerno si mir bei d‘Jugendherberg getrëppelt, wou mir gutt bekäschtegt goufen an eis nach e bëssi amuséiert hunn, iert mir nees zeréck op Mamer gefuer sinn.
Mir haten ee flotten Dag an och d‘Wieder konnt eis kee Stréch duerch d‘Rechnung maachen. E puer vun eis hu sech et net huele gelooss d‘Sauer ze testen an et war ee Genoss. 😉

Merci un d‘Ekipp vu „Kanu und Kayak Dillingen“ an eis Accompagnateure fir ee super schéinen Dag am Naassen!