Ofschloss Klasseprojet 2021

Publié le 19/07/2021

De leschte Schouldag huet den Direkter Här Christnach zesumme mat der Madamm Fratini fir de Projet d’établissement “Josy helps!” an dem Här Gleis vum Projet d’établissement “Digital Kompetenze fir d’Liewen (DKL)” déi 6 Klasse besicht, déi am Kader vum Klasseprojet als Gewënner deklaréiert goufen.

D’Schüler an d’Enseignanten, déi si bei dësem Projet begleet hunn, krute fir hir flott Aarbechte felicitéiert. Duerno kruten d’Schüler en Zertifikat an Akafsbongen iwwerreecht, sou datt si sech sou selwer nach e klenge Kaddo als Belounung maache kënnen. Als Ofschloss gouf nach eng Foto vun dësem flotte Moment gemaach, déi mir iech hei wëlle weisen.

 

 

 

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 20 secondes