Klasseprojet Obdachlosen hëllefen

Publié le 27/09/2021

Am Kader vun hirem Klasseprojet „Obdachlosen hëllefen“ huet d‘5G5 d’lescht Joer Kontakt mat verschiddenen Hëllefsorganisatiounen opgeholl, e Sensibiliséirungsvideo gedréit an am Juli eng Sammelaktioun an der Schoul organiséiert. An der grousser Vakanz goufen dunn Këschte voll Kleeder a Liewensmëttel un d‘Stëmm vun der Strooss resp. un d‘Street Angels verdeelt. Am Foyer Ulysse krut all Awunner eng Titchen mat Jus, klenge Snacks, Shampoing, Zännbiischt/Zahnpasta a Masken. An un Femmes en détresse goung e klenge Geld-Don.
D‘5G5 seet Iech Merci fir Är Ënnerstëtzung.