Back
Showing 91-100 of 177 results

Bamveredelung am Bio-TP

D’Schüler vun eiser Klass 3GPS2 hunn an hirem leschte Biologie-TP virum obligatoresche Stage zesumme mat hire Biologiesenseignante Madamm Krier an Här Krischler geléiert, wéi ee Beem richteg veredelt. Si hunn an dësem TP déi 3 Veredelungstechniken („Okulation“, „Kopulation“ a „Propfen“) …

Slamatelier fir zwou 5G-Klassen

Den 22. Mäerz hunn d’Schüler vun der 5G2 an der 5G3 wärend dem Franséischcours un engem Slamatelier deelgeholl. Nodeems e puer Schüler am Ufank nach e bësse schei waren, hu si duerno awer alleguer ganz schéi Gedichter op Franséisch geschriwwen, …

Eis 3C-Klassen an den Theater

Den 21.3. sinn d’Schüler vun de Klassen 3C-URBS, 3C-COMED, 3CB an 3CC mat der Madamm Carixas an der Madamm Gonçalves, hire Franséisch-Enseignanteën, an de Kinneksbond d’Theaterstéck Dom Juan vum Molière kucke gaange. D’Pièce war modern an d’Schüler ware frou, och …

Fläschenzich an der Physik

Eis Schüler vun der 4G3S a 4GIG hunn an de leschte Wochen an der Physik d’Theema vun den einfache Maschinnen duerchgeholl. Am leschten TP hu si d’Fläschenzich méi genau ënnersicht an erausfonnt, datt et engem mat esou enger Maschinn méi …

Op Visitt an der BNL

Den 18. Mäerz sinn d’Schüler vun der 3C-COMED am Kader vun hirem Cours « Communication et médias » d’Nationalbibliothéik BNL um Kierchbierg besiche gaangen. Déi guidéiert Visitt war immens interessant an eis Schüler ware faszinéiert vun dëser moderner a schéiner …

Expo an der Rotonde

Momentan ass eng Expo an der Rotonde, organiséiert vum Collectif “Beyond my eyes”. 2 vun eise Schüler hunn hiert Konschtwierk do ausgestallt, an zwar d’Jay aus der 5C1 (an Zesummenaarbecht mat der Madamm Herr) an d’Zoé aus der 2GA3D (an …

Mérite Jeunesse

Eis Participante vum Mérite Jeunesse hu sech op hir Bronze-Expeditioun virbereet. Si hu geléiert, wéi een e Rucksak paakt, um Gaskocher e Mëttegiessen zoubereet, a si hu sech mam Kaarteliesen auserneegesat. Dono gouf nach en 12 km laangen Trajet vun …

Eis 2GIG an de Wiesselstroum

Déi lescht Woch hunn eis Schüler vun der 2GIG d’Lade- an d’Entladeverhalten vu Kondensatoren an engem Wiesselstroumkrees mat Hëllef vun engem Oszilloskop ënnersicht.  

  • Erasmus+ EU programme
  • Mérite Jeunesse
  • Mir sinn eng Fairtrade