Slamatelier fir zwou 5G-Klassen

Publié le 29/03/2024

Den 22. Mäerz hunn d’Schüler vun der 5G2 an der 5G3 wärend dem Franséischcours un engem Slamatelier deelgeholl. Nodeems e puer Schüler am Ufank nach e bësse schei waren, hu si duerno awer alleguer ganz schéi Gedichter op Franséisch geschriwwen, op déi se houfreg konnte sinn! Poesie a Slam war awer net alles, wat an dësem Atelier gemaach gouf; d’Schüler hunn och e puer Boxtricker konnte léieren an ausprobéieren!