1. Plaz an der European Statistics Competition

Publié le 28/03/2024

De Misael, den Damien an den Nathan aus eiser 1CB hu sech als Team _Algebros_ no enger 2. Plaz am leschte Concours dëst Joer déi 1. Plaz erkämpft an déi national Phas vun der European Statistics Competition an hirer Alterskategorie gewonnen. Si krute vum Direkter vum Statec, dem Dr. Serge Allegrezza, e Präis iwwerreecht. Donieft sinn d’Leila, d’Manon an de Cyriaque aus eiser 2GA3D op déi ganz gutt 4. Plaz an hirer Alterskategorie komm. Mir si ganz houfreg op eis Schüler a felicitéieren hinnen an hirem Coach, dem Här Heymans, fir déi excellent Resultater. D’Leila, d’Manon an de Cyriaque vertriede Lëtzebuerg elo an der europäescher Phas. Mir drécken hinne ganz fest d’Daumen.

 

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes