Fläschenzich an der Physik
Publié le 28/03/2024Eis Schüler vun der 4G3S a 4GIG hunn an de leschte Wochen an der Physik d’Theema vun den einfache Maschinnen duerchgeholl. Am leschten TP hu si d’Fläschenzich méi genau ënnersicht an erausfonnt, datt et engem mat esou enger Maschinn méi liicht fält, eppes opzehiewen, awer keng Aarbecht ka gespuert ginn.