D’Schüler vun eiser 5C1 haten an hirem Franséischcours d’Chance kritt, zesumme mat dem bekannte Lëtzebuerger Comiczeechner an Illustrateur Andy Genen de Sujet “Bandes dessinées” ze behandelen. Dobäi ass och e flotte Comic erauskomm, deen d’Schüler selwer erstallt hunn.
An de Pause geet et bei eis och ëmmer sportlech hier. Esou zum Beispill méindes, wou motivéiert Schüler d’Kampfkënscht an der Sportsektioun “Martial Arts” méi no bruecht kréien. Hei weise mir verschidden Techniken aus diverse Kënscht, wéi dem Brazilian Jiu-Jitsu, …
D’4GPS programméiert dëst Trimester Roboter. Als Aféierung an de Sujet war d’Klass mat hirem Proff en Dag op de Belval an de Scienteenslab, wou d’Schüler vill iwwert d’Programméierung vu Roboter an d’Funktiounsweise vu kënschtlecher Intelligenz geléiert hunn.
E Mëttwoch, den 3.5., war d’Optioun “Life science” op d’Kaalber Millen an den Ourdall. Den Här Thielen vun Natur&Ëmwelt huet als éischt den Zentrum virgestallt an e bëssi d’Geschicht vun deem flotte Site erkläert. Dono goung et direkt eraus Richtung …
Oft gëtt vergiess, dat mer nieft der aktueller Klimakris och eng Biodiversitéitskris gëtt. Wëll vill eenhemesch Déierenaarte vum Ausstierwe bedreet sinn, huet d’Optioun „Save Our Planet“ zesumme mat hirem Enseignant T. Betz am Holzatelier speziell Flëntermauskëschte gebaut, déi elo am …
Haut hunn d’Examen ugefaangen. Mir wënschen all eise Primaner an och all eisen aneren Ofschlossklasse ganz vill Erfolleg! Dir hutt et bis heihi gepackt, dir packt och nach déi lescht Etapp. Mir gleewen un iech!
Réckbléck: D’Schüler vun der 5C1 a 5C3 hunn am 2. Trimester fir de Cours Vie et société eng “gute Tat” gemaach, fir déi si, ganz am Sënn vun der Autonomie, vum Choix bis zur Duerchféierung selwer responsabel waren. Dobäi si …
Vum 16.4. bis den 21.4. huet den 2. Deel vum Schüleraustausch mat eiser Partnerschoul zu Baza a Spuenien, der „I.E.S Pedro Jiménez Montoya“, stattfonnt. Dësen Austausch gëtt am Kader vum „Erasmus+“-Programm vun der Europäescher Kommissioun finanziell ënnerstëtzt. Nodeems am Februar …
An de leschte Wochen huet sech d’2GIG méi genee mat de Fachwierker befaasst. D’Schüler hunn dobäi och hir eege Brécken entworf, berechent a gebaut. Gratulatioun un d’Gewënnerekipp: Hir Bréck aus 400 Gramm Spaghetti huet herno iwwer 11 kg gedroen.
News vum Projet Give Box: Elo geet et ëm spannend Lektür! Wien neie Liesstoff brauch oder e puer vu senge Bicher ofgi wëll, kann dat méindes a freides tëschent 11:50 an 12:40 Auer an der Give Box virum CDI maachen.