An de Pause geet et bei eis och ëmmer sportlech hier. Esou zum Beispill méindes, wou motivéiert Schüler d’Kampfkënscht an der Sportsektioun “Martial Arts” méi no bruecht kréien. Hei weise mir verschidden Techniken aus diverse Kënscht, wéi dem Brazilian Jiu-Jitsu, dem Boxen, dem Judo a nach ville méi. Oss!