E Mëttwoch, de 15.3., haten eis Schüler Besuch vum Här De Castro, engem Fuerscher vum Luxembourg Institute of Science and Technology – LIST. Hien huet hinne säi Werdegang vum Lycée hei zu Lëtzebuerg iwwert seng Studien am Ausland bis hin …
D’3C-URBS huet am Kader vun hirem “Geographie territoriale appliquée”-Cours eng Sortie an d’Éislek gemaach a Geologie hautno ënnert usprochsvolle Wiederkonditiounen erlieft. LJBM – “Du, d’Natur an d’Wëssenschaft.”
E Bravo un eis Schüler fir déi gutt Leeschtung op engem ganz flotten an intensiven Basketsturnéier am 5 géint 5 am LGL um Lampertsbierg. Am Asaz waren d’Yara Fernandes Da Costa, d’Ella Dentzer, den Ewan Mariani, de Kylian Berardino, den …
D’3C URBS/COMED huet am Kader vun hirem Geographiescours eng Excursioun an de Musée de l’Ardoise, Haut-Martelange gemaach a villes iwwert d’Schiferindustrie geléiert. 🙂 LJBM – “Du, d’Natur an d’Wëssenschaft.”
D’3CC war de leschte Mëttwoch, den 8. Mäerz, an de Centre Culturel Kinnéksbond zu Mamer d’Theaterstéck « Juste la fin du monde » vum Jean-Luc Lagarce kucken. Mat dësem moderne Stéck, an der Mise en scène vum Myriam Muller, konnten …
E Mëttwochowend war am Naturmusée d’Präisiwwerreechung vun der Lëtzebuerger Naturwëssenschaftsolympiad a Presenz vum Här Minister Claude Meisch. De Sam Hippe vun der 3CC huet et am Endeffekt an der Finall op déi 5. Plaz (an der Ekipp) gepackt. E ganz …
Beim „Programme d’échange individuel interrégional Schuman“ kënne Schüler vu 7e bis 4e een Austausch vun 2 Wochen an der Groussregioun maachen. An deem Kader huet den Här Schmitz, Koordinator vun den Austauschprojeten am LJBM, de 6. Mäerz d’Louna begréisst, eng …
Säit dësem Schouljoer bitt den LJBM eng Optioun Makerspace um Cycle supérieur un. D’Zil vun dëser Optioun ass et, de Schüler d’Méiglechkeet ze bidden, eege Projeten ze realiséieren an doriwwer eraus Knowhow ze sammelen a ganz verschiddene Beräicher ewéi der …
1847 Schüler aus 29 Lycéeën hunn dëst Joer bei der 16. Naturwëssenschaftsolympiad matgemaach. 3 Schüler aus dem LJBM hunn et an d’Halleffinalle gepackt: de Sam Hippe (3CC), d’Manon Brettner (3GA3D) an de Gérson Costa Tavares (3CG). De Sam huet duerno …
D’1CC huet an hirem Physikscours mechanesch Wellen um Waasser, an do speziell Interferenzen an 2 Dimensioune gekuckt an ënnersicht. Vu dass déi mathematesch Analys zimmlech dréchen ass an d’Experiment meeschtens just a Projektioun (lescht Foto) gekuckt gëtt, ass d’Fro opkomm, …