Physik – Experimenter zu de Wellen

Publié le 06/03/2023

D’1CC huet an hirem Physikscours mechanesch Wellen um Waasser, an do speziell Interferenzen an 2 Dimensioune gekuckt an ënnersicht. Vu dass déi mathematesch Analys zimmlech dréchen ass an d’Experiment meeschtens just a Projektioun (lescht Foto) gekuckt gëtt, ass d’Fro opkomm, ob een dat alles och um Waasser selwer ka gesinn. 🤔 Dofir gouf hei d’Geleeënheet genotzt, d’Waasseruewerfläch aus enger anerer Perspektiv ze fotograféieren, fir dass dat Ganzt méi anschaulech gëtt. 🙂
LJBM – “Du, d’Natur an d’Wëssenschaft.”