LJBM Optioun Makerspace

Publié le 10/03/2023

Säit dësem Schouljoer bitt den LJBM eng Optioun Makerspace um Cycle supérieur un. D’Zil vun dëser Optioun ass et, de Schüler d’Méiglechkeet ze bidden, eege Projeten ze realiséieren an doriwwer eraus Knowhow ze sammelen a ganz verschiddene Beräicher ewéi der Elektronik, dem 3D-Drock, dem Ëmgang mam Lasercutter, der CNC-Fräs etc. Am 1. Deel vun der Optioun hunn d’Schüler méi kleng Projete realiséiert, fir en éischten Abléck an d’Gestioun an d’Ëmsetzung vun engem Projet ze kréien. Ausserdeem hu si esou éischt praktesch Erfarunge mam Lasercutter an elektresche Circuite gemaach. Am 2. Deel vun der Optioun realiséieren d’Schüler elo a Gruppe gréisser eege Projeten. Ee Grupp wäert z. B. e Modellfliger bauen, een anere Grupp plangt en eegene Kicker an nach en anere Grupp well ee Vëlo bauen, mat deem een z. B. säin Handy opluede kann. Hei e puer Impressiounen.

 

Résumé de la politique de confidentialité

Ce site web utilise des cookies afin de vous offrir la meilleure expérience d'utilisation possible. Les informations des cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site web et aider notre équipe à comprendre quelles sections du site web vous trouvez les plus intéressantes et les plus utiles.