De leschten Donneschdeg hunn d’6G a 5G scientifique eng Visitt an den European Space Center gemaach. Nieft der Geschicht vun der Raumfaart an dem Opbau vum Weltall kruten d’Schüler en Abléck an den Training vun den Astronauten souwéi an d’Liewen …
Vum 17.4. bis de 04.5. ass de Science Mobil vum Natur Musée op Besuch am LJBM. All 7C-, 7G- a 7P-Klasse souwéi d’6G scientifique maachen eng Visitt an dobäi eng Aktivitéit am Zesummenhang mat der Biologie. D’Thema vun dësen Aktivitéiten …
An der Physik hunn eis Schüler aus der 2GIG dëse Mëttwoch ënnersicht, vu wéi enge Gréissten d’Schwëngungsdauer vun engem Fiederpendel ofhänkt. Sie konnten dobäi dovu profitéieren, dass hiren iPad d’Donnéeën direkt iwwer Wifi vun dem benotzte Capteur iwwermëttelt kritt huet. …
Den 20. Abrëll huet am Forum Geesseknäppchen d’Foire fir nohalteg Bildung BNE stattfonnt, wou de Lycée Josy Barthel Mamer ënner 70 Stänn och mat 2 flotte Projete vertruede war. D’nohalteg Bildung ass ee vun de Piliere vum Schoulentwécklungsprogramm vum LJBM. …
Den 20.4. war déi vum LJBM initiéiert Table ronde zum Thema “Ausbildunge fir d’Bauwiesen: Status quo a Perspektiven”. E grousse Merci alle bedeelegte Speaker, déi an hire jeeweilege Virträg eng ganz Bandbreet u Problemer opgewisen hunn, zu deenen et mat …
Eis Schüler vun de 7P-Klassen hunn d’lescht Woch d’Äerdbierssaison am Kichenatelier agelaut!
Hei nach e puer weider Impressioune vun der Yep!-Schoulfoire. Ganz besonnesch gefreet hu mir eis iwwert d’Visitt vun eisem Premierminister Här Xavier Bettel an dem Educatiouns- an Héichschoulminister Här Claude Meisch op eisem Stand an der Welt “Bauen, plangen a …
Dëst Joer haten all eis 7e-Klassen d’Chance, fir wärend jeeweils 2 Deeg am Mariendall um Teambuilding vum SNJ (Service National de la Jeunesse) deel ze huelen. Beim Kloteren, Tandemfueren an der Escape Area konnte si hiren Teamgeescht entwéckelen a fuerderen …
De 27.3. hunn eng Rei vun eise Schüler um Concours Voltaire deelgeholl. Dat ass en nationalen Orthographieconcours, dee fir ganz Lëtzebuerg organiséiert gëtt. Gesicht goufen déi 3 bescht Schüler an der franséischer Grammaire, souwuel fir den ESG wéi den ESC. …
De Lycée Josy Barthel Mamer ass nach op der YEP!-Schoulfoire vertrueden, an dat souguer mat 2 Stänn. Op deem enge Stand erkläre mir deene Jonken eis Offre scolaire am Enseignement secondaire classique (ESC) a général (ESG), wou virun allem eis …