Den LJBM op der YEP!-Foire
Publié le 25/04/2023De Lycée Josy Barthel Mamer ass nach op der YEP!-Schoulfoire vertrueden, an dat souguer mat 2 Stänn. Op deem enge Stand erkläre mir deene Jonken eis Offre scolaire am Enseignement secondaire classique (ESC) a général (ESG), wou virun allem eis wëssenschaftlech Sektiounen erausstiechen. Da fannt Dir eis awer och nach an der “Welt vun der Architektur an der Konstruktioun (Bauen, plangen a gestalten)”, wou déi Jonk selwer d’Aarbecht vun engem Maurer, engem Fassadebauer, engem Plätterchersleeër, engem Bauzeechner an engem Bautechniker ausprobéiere kënnen. Mir freeën eis op Iech!