Foire fir nohalteg Bildung BNE 2023

Publié le 04/05/2023

Den 20. Abrëll huet am Forum Geesseknäppchen d’Foire fir nohalteg Bildung BNE stattfonnt, wou de Lycée Josy Barthel Mamer ënner 70 Stänn och mat 2 flotte Projete vertruede war. D’nohalteg Bildung ass ee vun de Piliere vum Schoulentwécklungsprogramm vum LJBM. Souwuel d’Ëmweltministesch Mme Joëlle Welfring wéi och den Educatiounsminister Här Claude Meisch hunn den Explikatioune vun eise Schüler nogelauschtert, wéi et ëm de “Josy Waasserspender” gaangen ass, deen als Projet an eisem Makerspace gebaut ginn ass, souwéi dem Projet vun der “Give Box”, engem Regal, wat vu Schüler vun der Optioun „Save Our Planet“ a villen Aarbechtsstonnen aus recycléiertem Kartong zesummegebaut ginn ass. E grousse Merci un all déi engagéiert Schüler mat den Enseignantë fir hiren Asaz!
LJBM – “Du, d’Natur an d’Wëssenschaft.”
(Quell 1. Bild: FB-Säit vum Ministère de l’Environnement, du Climat et du Développement durable – Merci!)

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes