Back
14 juin

Biodiversitéit rondërem den LJBM

Dëse Méindeg, den 22.5., war den internationalen Dag vun der Biodiversitéit. An deem Kontext weise mir dorop hin, datt ronderëm eis Schoul, an där d’Natur an d’Nohaltegkeet eng grouss Roll spillen, de « Fauchage tardif » praktizéiert gëtt. D. h. also, datt …

14 juin

DC3DB Chantiersvisitt zu Miersch

Eis Schüler vun der Bauzeechnerklass DC3DB an hir Enseignanteë soen der Entreprise Perrard an dem Promoteur Arend & Fischbach Merci fir déi interessant Chantiersvisitt zu Miersch. Ee ganz besonnesche Merci un d’Hären Alain Pütz a Claude Reiter fir déi detailléiert …

14 juin

5C1 Comic Projet zesumme mat Andy Genen

D’Schüler vun eiser 5C1 haten an hirem Franséischcours d’Chance kritt, zesumme mat dem bekannte Lëtzebuerger Comiczeechner an Illustrateur Andy Genen de Sujet « Bandes dessinées » ze behandelen. Dobäi ass och e flotte Comic erauskomm, deen d’Schüler selwer erstallt hunn.  

14 juin

Sportsektioun « Martial Arts »

An de Pause geet et bei eis och ëmmer sportlech hier. Esou zum Beispill méindes, wou motivéiert Schüler d’Kampfkënscht an der Sportsektioun « Martial Arts » méi no bruecht kréien. Hei weise mir verschidden Techniken aus diverse Kënscht, wéi dem Brazilian Jiu-Jitsu, …

14 juin

Excursioun 4GPS

D’4GPS programméiert dëst Trimester Roboter. Als Aféierung an de Sujet war d’Klass mat hirem Proff en Dag op de Belval an de Scienteenslab, wou d’Schüler vill iwwert d’Programméierung vu Roboter an d’Funktiounsweise vu kënschtlecher Intelligenz geléiert hunn.  

14 juin

Optioun « Life science » op d’Kaalber Millen

E Mëttwoch, den 3.5., war d’Optioun « Life science » op d’Kaalber Millen an den Ourdall. Den Här Thielen vun Natur&Ëmwelt huet als éischt den Zentrum virgestallt an e bëssi d’Geschicht vun deem flotte Site erkläert. Dono goung et direkt eraus Richtung …

14 juin

Premièresexamen

Haut hunn d’Examen ugefaangen. Mir wënschen all eise Primaner an och all eisen aneren Ofschlossklasse ganz vill Erfolleg! Dir hutt et bis heihi gepackt, dir packt och nach déi lescht Etapp. Mir gleewen un iech!

14 juin

Projekt: Eine gute Tat

Réckbléck: D’Schüler vun der 5C1 a 5C3 hunn am 2. Trimester fir de Cours Vie et société eng « gute Tat » gemaach, fir déi si, ganz am Sënn vun der Autonomie, vum Choix bis zur Duerchféierung selwer responsabel waren. Dobäi si …

14 juin

Schüleraustausch a Spuenien

Vum 16.4. bis den 21.4. huet den 2. Deel vum Schüleraustausch mat eiser Partnerschoul zu Baza a Spuenien, der „I.E.S Pedro Jiménez Montoya“, stattfonnt. Dësen Austausch gëtt am Kader vum „Erasmus+“-Programm vun der Europäescher Kommissioun finanziell ënnerstëtzt. Nodeems am Februar …

  • Erasmus+ EU programme
  • Mérite Jeunesse
  • Mir sinn eng Fairtrade