Back
14 juin

2GIG – Bréck aus Spaghetti

An de leschte Wochen huet sech d’2GIG méi genee mat de Fachwierker befaasst. D’Schüler hunn dobäi och hir eege Brécken entworf, berechent a gebaut. Gratulatioun un d’Gewënnerekipp: Hir Bréck aus 400 Gramm Spaghetti huet herno iwwer 11 kg gedroen.  

14 juin

Update Give box

News vum Projet Give Box: Elo geet et ëm spannend Lektür! Wien neie Liesstoff brauch oder e puer vu senge Bicher ofgi wëll, kann dat méindes a freides tëschent 11:50 an 12:40 Auer an der Give Box virum CDI maachen.

14 juin

TP Chemie Spektrophotometrie

De leschte Mëttwoch huet eis 2GIG an der Chimie en interessant praktescht Experiment zum Sujet Spektrophotometrie gemaach. D’Schüler hu mat Hëllef vum Photometer hir selwer hiergestallte Léisunge gemooss.    

14 juin

Journée Française 2023

Den 28.3. haten  d’Schüler vun de 6C-Klassen wärend der « Journée française » d’Geleeënheet, Frankräich an d’Franséisch eng Kéier anescht kennen ze léieren. Si haten d’Wiel tëschent 3 Atelieren – an der Kichen hu si selwer dem Proust seng bekannte Madeleine …

14 juin

Science Days am LJBM

Den 2. Mee war déi 1. Seance vun de « Science Days » am LJBM. Et war e flotten Nomëtteg fir d’Schüler aus dem Cycle 4 aus dem Fondamental, déi eise Makerspace an d’Naturwëssenschaften bei eis am LJBM entdeckt hunn. Fir d’éischt …

14 juin

Ready for Liftoff

De leschten Donneschdeg hunn d’6G a 5G scientifique eng Visitt an den European Space Center gemaach. Nieft der Geschicht vun der Raumfaart an dem Opbau vum Weltall kruten d’Schüler en Abléck an den Training vun den Astronauten souwéi an d’Liewen …

14 juin

Science Mobil 2023

Vum 17.4. bis de 04.5. ass de Science Mobil vum Natur Musée op Besuch am LJBM. All 7C-, 7G- a 7P-Klasse souwéi d’6G scientifique maachen eng Visitt an dobäi eng Aktivitéit am Zesummenhang mat der Biologie. D’Thema vun dësen Aktivitéiten …

14 juin

TP Physik 2023

An der Physik hunn eis Schüler aus der 2GIG dëse Mëttwoch ënnersicht, vu wéi enge Gréissten d’Schwëngungsdauer vun engem Fiederpendel ofhänkt. Sie konnten dobäi dovu profitéieren, dass hiren iPad d’Donnéeën direkt iwwer Wifi vun dem benotzte Capteur iwwermëttelt kritt huet. …

14 juin

Foire fir nohalteg Bildung BNE 2023

Den 20. Abrëll huet am Forum Geesseknäppchen d’Foire fir nohalteg Bildung BNE stattfonnt, wou de Lycée Josy Barthel Mamer ënner 70 Stänn och mat 2 flotte Projete vertruede war. D’nohalteg Bildung ass ee vun de Piliere vum Schoulentwécklungsprogramm vum LJBM. …

  • Erasmus+ EU programme
  • Mérite Jeunesse
  • Mir sinn eng Fairtrade