Biodiversitéit rondërem den LJBM

Publié le 26/05/2023

Dëse Méindeg, den 22.5., war den internationalen Dag vun der Biodiversitéit. An deem Kontext weise mir dorop hin, datt ronderëm eis Schoul, an där d’Natur an d’Nohaltegkeet eng grouss Roll spillen, de “Fauchage tardif” praktizéiert gëtt. D. h. also, datt mir bewosst bestëmmte Flächen eréischt ganz spéit an net esou oft méinen, fir datt d’Planze wuessen, d’Blumme bléie kënnen an d’Liewensraim vun den Déieren an eiser Gréngzon sou mann wéi méiglech gestéiert ginn. An natierlech hoffe mir, datt dës Approche och eise Beien aus dem LJBee-Projet, eise Gäscht aus dem Insektenhotel an hoffentlech nach villen aneren Déiere ronderëm eis Schoul gefällt a si vill interessant Ziler an hirer direkter Ëmgéigend fannen. Dëser Deeg ginn d’Beie ganz besonnesch vum Wisesalbei ugezunn, deen de Moment wonnerschéin op eisem Visiteursparking blitt.

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes